A villen Rassebeschreiwungen gëtt de Magyar Vizsla („Ungarischer Vorstehhund“) als en Hond beschriwwen, deen temperamentvoll, sensibel,  frëndlech a liicht ze féieren ass....wa mat him richteg geschafft gëtt!!

 

De Vizsla ass e sensibelen Hond, deen onbedéngt fille wëll, datt en zur Famill gehéiert, nëmmen da kann hien seng exzeptionnel Fäegkeeten entwéckelen an ausliewen. Des Rass fuerdert also och vu sengem Meeschter ganz vill Fangerspëtzegefill, grob Behandlungen verdréit dësen Hond guer net!

 

A wéi gesot, hien wëll ëmmer an iwwerall dobäi sinn an en huet en ausgeprägt Bedürfnis fir enke Kierperkontakt, wat engem heiansdo liicht opdrénglech virkomme kann. Säi gutt Gemitt därf een also net ausnotzen andeems een hien z.B. de ganzen Dag doheem alleng léisst. Dest schléisst natierlech och eng Zwingerhaltung aus.

 

Hien huet eng ugebueren Anlag fir ze follechen a mat der néideger Zouwennung schléisst hie sech sengem Meeschter ouni Kompromësser un. En ass bekannt fir seng Unhänglechkeet a seng enk Bindung zu sengem Chef. Hie léisst sech duerch permanente Bléckkontakt ouni Problemer nëmme mat Handzeechen féieren.

 

Hien ass en intelligenten, fierweltzechen an léierwëllege Partner. An dofir muss een, fir de Vizsla féieren ze kënnen, zu enger Hond/Mënsch-Partnerschaft ouni Kompromësser bereet sinn.

 

 

 

Magyar Vizsla

Erziehung

Photoen

Filmer

News

Aktivitéiten

Links

Literatur

Vizsla-Art

Contact

Home

 

 

 

 

Dem Vizsla seng Intelligenz fuerdert awer och vu Säiten vu sengem Meeschter eng konsequent Erzéiung (...wat déi eng Kéier verbueden ass, muss et ëmmer bleiwen, etc..), déi ob positiver Verstäerkung baséiere muss.

 

Ze bemierken nach, dass et 2 Typen vum Vizsla gëtt, den "Ungarisch Kurzhaar" an den "Ungarisch Drahthaar"; dee leschten ass méi robust an och bei wäitem vill méi rar.

 

Bei der Ausféierung vun senger ursprénglecher Tâche, der Juegd, kann de Vizsla, ënner anerem, obstöberen (...en huet eng aussergewéinlech gutt Nues), virstoen an apportéieren. Beim Hondssport ass hien gutt am Agility, Dogdance an Obedience. E kann als Rettungshond, Begleethond oder Therapiehond schaffen. Hien ass och en ideale Partner beim Joggen, Velo fueren oder Reiden. En ass frou mam Waasser a geet immens gäre schwammen.

 

Hien ass duerch säi Temperament, e Vollblutthond a brauch fir säin Equiliber ze fannen genuch Aufgaben, ganz vill deeglechen Auslaf (!!), Beschäftegung a Léift. Hie brauch d'Beweegung an der Natur. Seng Ausdauer, säi Besoin fir ze schaffen a seng natierlech Intelligenz wëlle gefuerdert ginn beim Sport, bei der Dummy-Arbecht oder eben bei der Juegd.

 

Wann des Konditiounen erfëllt ginn, kann hien e wonnerbare Familljenhond sinn.

 

Déi Leit, déi sech fir e Vizsla interesséieren, solle sech also immens gutt iwwerleeën, ob se:

 

- bereet sinn, all hir Fräizäit nom Hond auszeriichten a mat him ze verbréngen...an dat fir ob mannst 10 Joer!

- kapabel sinn him déi gëeegent Beschäftegung ze bidden

 

Falls ob eng vun deenen 2 Froen e "Neen" (als éierlech Äntwert) erauskënnt, da sinn déi Leit net gemaach fir dësen Hond, an dem Fall sollen se sech fir eng aner Rass entscheeden. Falls net, maachen se SECH an DEN HOND onglécklech!

 

Nach eng Kéier : De Vizsla ass en absoluten Vollblutthond, et muss dofir sou gudd wéi all Dag mat him geschafft ginn!!

 

Hien brauch ganz vill Beweegung an zousätzlech dozou Kapp- a virun allem Nuesarbecht.

 

Et geet net duer fir hien mol kuerz e bësschen am Bësch lafen ze loossen!

 

 

 

 

 

 

 

 

  Quo Vadis Magyar Vizsla

  FCI Standard - Ungarisch Kurzhaar

 

  FCI Standard - Ungarisch Drahthaar

  Etwas zum Nachdenken

  Der Trendvizsla

(geschrieben von Tanja Bauer; entnommen aus "Der Magyar Vizsla", Neumann-Neudamm Verlag ISBN 3-7888-1005-X)

  Pflichten für die Vizslahaltung

 

(entnommen aus "Magyar Vizsla", Cadmos Verlag GmbH Brunsbek ISBN 978-3-86127-789-7)